De Josy Stoffel war vun 1949 bis 1964 ganzer 16 Mol Landesmeeschter am Turnen. Hien huet u fënnef Olympesche Spiller deelgeholl. Hien hält domat bis haut de Rekord fir déi meescht Lëtzebuerger Participatiounen. No senger aktiver Karriär war de Josy Stoffel laang Joren Nationaltrainer an der Belsch an duerno zu Lëtzebuerg. Zum Schluss huet hien dunn och nach säin éischte Veräin, d'Espérance vun Déifferdeng, trainéiert. De Josy Stoffel ass de 9. Mäerz 2021 am Alter vun 92 Joer gestuerwen.
arrow_back_ios