An den 1920er Joren ass den Interessi fir Sport nawell séier geklommen. En ass gesellschaftsfäeg ginn, de Fitness krut ëmmer méi Unhänger, an och d'Sportsevenementer an de Stadionen hunn ëmmer méi Leit ugezunn, fir d'Athleete live unzefeieren.
Vun dësem groussen "Hype" ëm de Sport hunn sech och Schrëftsteller matrappe gelooss. Si hunn ugefaangen Parallelen a Schnëttpunkten tëschent Sport, Konscht a Liewen ze beschreiwen.
Eng Emissioun vum Angelika Thomé.