arrow_back_ios
Voix d'auteurs
Nancy Huston - Arbre de l'oubli
D'Nancy Huston ass zu Gaascht beim Jean Portante. Si schwätzt iwwer hiren neie Roman "Arbre de l'oubli". En déiwe Roman, deen Zäitbommen an d'Vergaangenheet leet, déi dann hautdesdaags explodéieren. Dës Kéier deet eng Distortioun am Stammbam vun der Sheyna, enger jonker amerikanescher Fra, d'Geschicht zidderen.
Kultur
Episoden
D’Lydie Salvayre
Zu Gaascht mat engem Buch, an deem Recht op d'Faulenze gefuerdert gëtt. “Depuis toujours nous aimons les dimanches” ass den Titel.
Jack Kerouac
“Sur le chemin” huet de Kerouac op Franséisch geschriwwen, an zwar no “On the Road”. Just, datt keen dat wousst. Bis et, viru Kuerzem, entdeckt gouf. An Enn 2023 bei Gallimard erauskoum.
![Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore](/legacy/images/147524/image-thumb__147524__base_thumbnail/buch.5e97cf5e.jpg)
Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore
Eng spannend Rees duerch den Universum vun der Metapher, déi an de Grotte vun den éischte Mënschen ufänkt a vun der Poesie bis bei eis bruecht gouf.
Max de Paz - La manche
Dem jonke Schrëftsteller säin éischte Roman handelt vun de Liewensconditioune vu Mënschen ouni Doheem zu Paräis.
![Léa Veinstein](/1_Foto/100komma7.lu/136509/image-thumb__136509__base_thumbnail/Bicher.d1b0970e.jpg)
Léa Veinstein
D’Léa Veinstein erzielt an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka”, iwwer dat onwarscheinlecht Abenteuer vum Kafka senge Manuskripter,.
![Jack Kerouac](/1_Foto/100komma7.lu/129031/image-thumb__129031__base_thumbnail/Jack%20Kerouac.b7af8207.jpg)