Radioen

On air

Tockcity  |  JB Dunckel, Jonathan Fitoussi - Ghost Town

play_arrow Live
arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Geméiss um Spiiss - 2/2

Geméiss um Spiiss - 2/2

Déi lescht Woch hu mer iwwer méi Faarf, Aromaen an Ofwiesslung fir op de Grill geschwat am Kontext vu Geméis an Uebst fir op den Grill an haut geet et ëm déi richteg Temperatur an Hygiènesreegelen, déi net ze ënnerschätze si beim Hantéiere mat Liewensmëttelen, wann et waarm ass, a mir leeë Banannen an Aprikosen op de Grill fir e gudden Dessert.



"E puer Reegelen, fir ze vermeiden, datt Fett an d'Glous drëpst an doduerch polyzykleschen aromatesche Kuelewaasserstoff wéi Benzopyren entsteet. Dat si gëfteg Dämp, déi zeréck an d'Liewesmëttel ginn. Et soll een d'Marinad oftuppen, éier een d'Geméis op de Grill leet.


Wann d'Liewesmëttel bis ugegrillt ass, et bei méi klenger Temperatur indirekt grillen, d. h. vun der Glous ewechzéien, virdrun eng Alu-Schossel op där Plaz ënner de Grill stellen, wou der d'Flëssegkeet, déi aus dem Geméis drëpst kënnt opfänken an herno weiderverschaffen.


Fir ze vermeiden datt Äert Geméis bausse schwaarz a banne réi ass, am beschte mat mëttlerer Temperatur vun 180-220 Grad schaffen, d. h. de Grill 10 cm iwwer der Glous halen".



Invitée beim Angie Maquil ass d'Dieteticienne Lis Muller.



"E puer Iddie fir en Dessert: Bananne mat der Schuel grillen a mat flëssegem Schockela mat Vanill zerwéieren, Aprikose mat Thymian, wou een direkt nom Grille Geessekéis doriwwer street, gegrillte Pije mat Zitroune-Vervene-Sorbet kombinéieren. Dat si just e puer Ustéiss. U sech kënnt Dir do ganz kreativ beim Grille virgoen".




Episoden

A pear a day keeps the doctor away? | © Bgistock / 1hamdan

A pear a day keeps the doctor away?

D'Bier ass séiss, duuss a sensibel, mee wéi wierkt se op eist Wuelbefannen?
headphones

10 min

play_arrow
Porte ouverte an der Hotelschoul | © Norn

Porte ouverte an der Hotelschoul

Karriären a Perspektiven an der Hotelschoul zu Dikrech a Wickreng
headphones

13 min

play_arrow
LU-Alert an d'Alertes alimentaires

LU-Alert an d'Alertes alimentaires

D'ALVA, déi Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung publizéiert hir Alerten zanter 2024 och iwwer de nationalen Alertë-System LU-ALERT.
headphones

12 min

play_arrow
Gesond Iessen a gesond Zänn | © Bigstock / wowow

Gesond Iessen a gesond Zänn

Den Impakt vun eisem Iessverhalen op eis Zänn- a Mondgesondheet
headphones

10 min

play_arrow
(Ouschter)-Eeër si räich un Nährstoffer. Mee wéi vill si gesond? | © Bigstock

(Ouschter)-Eeër si räich un Nährstoffer. Mee wéi vill si gesond?

Eng gutt Moos haalen ass gutt fir eis, an d’Ëmwelt. Schéin Ouschteren!
headphones

9 min

play_arrow
De Besoin un Närstoffer am Verglach

De Besoin un Närstoffer am Verglach

Bei Fra a Mann ass d’Kierperzesummesetzung ënnerschiddlech an dat wierkt sech och op de Basisstoffwiessel aus.
headphones

13 min

play_arrow
Genug Obst und Gemüse - im Westen nichts Neues? | © Bitgstock / Fotokris

Genug Obst und Gemüse - im Westen nichts Neues?

Genug Obst und Gemüse essen - dies haben wir alle schon gehört. Trotzdem halten sich nur wenige daran. Woran dies liegt, und warum diese nicht neue Empfehlung trotzdem wichtig ist, hören Sie in diesem Beitrag.
headphones

16 min

play_arrow
Nutri-Score, Zockersteier a Co. | © DG-Studio/Bigstock

Nutri-Score, Zockersteier a Co.

Wéi Labelen eis Ernärung a Gesondheet steieren.
headphones

14 min

play_arrow
Hype ëm HiPro-Produkter: wat ass drun?

Hype ëm HiPro-Produkter: wat ass drun?

HiPro-Produkter sinn iwwerall ze fannen, awer dacks deier an net onbedéngt néideg.
headphones

9 min

play_arrow
Lokal Geméis an Uebst selwer fermentéieren, fir eis eege Gesondheet an déi vum Planeit ze verbesseren | © Bigstock / Svehlik

Lokal Geméis an Uebst selwer fermentéieren, fir eis eege Gesondheet an déi vum Planeit ze verbesseren

Fermentatioun- eng ural Konservéierungsmethod déi sech zu engem Trend fir d’Zukunft entwéckelt
headphones

12 min

play_arrow
Animal Health Law / Loi Santé Animale

Animal Health Law / Loi Santé Animale

Déierekrankheeten: Aktuell Situatioun national an international
headphones

15 min

play_arrow
D‘Kraaft vun der Meditatioun

D‘Kraaft vun der Meditatioun

Wat ass den Impakt vu reegelméissegem Meditéieren op eis Gesondheet a Wuelbefannen?
headphones

18 min

play_arrow
Zockeralternativen: Gesond Alternativen oder just en Hype? | © Bigstock

Zockeralternativen: Gesond Alternativen oder just en Hype?

Zockeralternative wéi Hunneg, Agavendicksaft a Bierkenzocker hunn hir Vir- an Nodeeler. Och wa se méi gesond wierken, hu se dacks ähnlech vill Kalorien, wäit Transportweeër oder aner Nodeeler.
headphones

9 min

play_arrow
Nohalteg, gesond an individuell: Trends an der Ernärung 2025 | © Bigstock / Alessandro Biascioli

Nohalteg, gesond an individuell: Trends an der Ernärung 2025

200 Experten aus Wëssenschaft a Praxis hunn am Hierscht 2024 d’Entweckung am Beräich Ernärung vun eisen däitschen Nopere fachlech analiséiert.
headphones

14 min

play_arrow
Ultra-verarbeitete Lebensmitte- warum meiden ?

Ultra-verarbeitete Lebensmitte- warum meiden ?

Natürlich sind sie in aller Munde: Ultra-verarbeitete Lebensmittel. Diese durchlaufen viele Produktionsprozesse und enthalten viele Zusatzstoffe. Studien zeigen dass ein hoher Konsum die Gesundheit schädigen kann. Warum ?
headphones

10 min

play_arrow
Ernärung, Daarmflora a Gesondheet – Wou läit den Zesummenhang?

Ernärung, Daarmflora a Gesondheet – Wou läit den Zesummenhang?

Den Daarmmikrobiom, ass e komplexen Ökosystem deen aus 100.000 Milliarde Mikroorganisme besteet, an eng zentral Roll fir eis Gesondheet spillt. Wéi awer beaflosst d'Ernärung d'Zesummesetzung an d'Funktioun vum Mikrobiom?
headphones

14 min

play_arrow
Iesstraditioun am Nepal: Erausfuerderungen a Verännerungen | © Bigstock / PhotoIndia

Iesstraditioun am Nepal: Erausfuerderungen a Verännerungen

Dal Bhat ass hiren nationale Plat, wat eng ideal Balance vu Kuelenhydrater, Proteinnen a Mikronärstoffer bitt.
headphones

9 min

play_arrow
Comfort food, Alimentation réconfortante

Comfort food, Alimentation réconfortante

Iessen, fir sech wuelzefillen - Mindfull eating
headphones

11 min

play_arrow
Aktuell Ernärungstrends

Aktuell Ernärungstrends

Mir diskutéieren iwwer de Stellewäert vun den aktuellen Ernärungstrends bei jonke Mënschen.
headphones

15 min

play_arrow
Eng Kalorie ass net gläich eng Kalorie

Eng Kalorie ass net gläich eng Kalorie

De Fokus soll op enger bewosster Auswiel vu Liewensmëttel leien, well all Kierper eenzegaarteg op Kalorië reagéiert.
headphones

10 min

play_arrow