Den 1. Juni 1926 kennt d'Marilyn Monroe op d'Welt. Wat dono kennt ass eng grouss Karriär, d'Amerikanerin fänkt als Model un, gëtt awer séier zum gréisste Star zu Hollywood. Dacks verkierpert si an de Filmer, déi attraktiv, awer naiv Blondin, en Image, vun deem se sech spéider léise wëll an och a méi eeschte Rollen iwwerzeegt. Mat nëmme 36 Joer stierft d'Marilyn Monroe un enger Iwwerdosis Schlofmëttel.
arrow_back_ios