Final vun der Europa-Coupe vun de Landesmeeschter, dem Virgänger vun der haiteger Champions-League, den 29. Mee 1985 zu Bréissel am Heysel-Stadion tëscht dem FC Liverpool an Juventus Turin. Dat an engem Stadion deen de Konditiounen vun der UEFA fir eng Finall net entsprach huet. De maroden Zoustand war am Virfeld bekannt an den FC Liverpool hat géint d'Decisioun hei ze spillen Protest ageluecht wëll d'Sécherheet vun de Spectateuren net garantéiert war. An esou sollt et zur Katastrof kommen wéi englesch Fans d'Gradinen ugegraff hunn wou gréisstendeels italienesch Supporter stoungen. 39 Mënschen sollten deen Owend net iwwerliewen. Déi meescht sinn duerch Erstécken oder un de Folgen vun enger gestierzter Mauer gestuerwen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Katastrof viru 36 Joer zu Bréissel
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.