Bewosst Gesond
Vun A bis E a vu Gréng bis Rout - 2/2
5 min
E gudden Nutri-Score op de Liewensmëttel ass gutt, awer seet net alles aus. En ass eng gutt Orientatioun, awer net, ouni alles ze liesen.
"Eng fäerdeg Pizza ka gutt ofschneide beim Nutri-Score an en Olivenueleg z. B net. Dat huet dermat ze dinn, datt Närstoffqualitéit, déi mam Logo Nutri-Score visibel gëtt (vun A bis E, a vu gréng bis rout ), just op 100 Gramm oder 100 Milliliter gerechent gëtt. An déi gutt Närstoffer ginn och net all gekuckt, ... de Bléck op dëse Wäert lount sech onbedéngt lount, mee e seet net alles aus. Och Fritte komme gutt ewech, well hire Wäert virum Frittéiere berechent gëtt"
seet d'Dieteticienne Claudine Mertens. Si ass Invitée beim Angie Maquil fir iwwer d'Bedeitung vum Logo Nutri-Score ze schwätzen.