Bewosst Gesond
Mat Freed kachen an iessen, och fir sech eleng
5 min
Gesond Kachen an Iessen, och wann ee "Single" ass: D'Dieteticienne gëtt Rotschléi, déi sech u Leit adresséieren, déi eleng wunnen. Awer déi gutt gemengte Propose sinn am Fong fir Jiddwereen. Wien eleng wunnt, huet Tendenz sech manner ze kachen, aus verschiddenen Ursaachen: Keng Loscht, keng Zäit an dacks mat der Ausso: Firwat soll ech mir eleng dann esou vill Aarbecht maachen.
Mee gesond kachen ouni groussen Opwand ass absolut méiglech. Wie sech richteg organiséiert mat akafen, mat andeelen, mam richtege Geschier an der Kichen, muss iwwerhaapt net op Genoss verzichten a bléift dobäi gesond.
Leider gräife sougenannt Singelen dacks zu fäerdeg gekachte Liewensmëttel a sëtze sech dobäi och nach am léifste virun d'Tëlee fir ze iessen, an dat ass da wierklech net gutt.
D'Dieteticienne Sylvie Paquet ass Invitée beim Angie Maquil.