Bewosst Gesond
Et geet och ouni Fleesch a Fësch
Et gi Kanner, déi stënterlech decidéiere kee Fleesch méi ze iessen aus verschiddenen Ursaachen. Munch Elteren oder Grousselteren sinn dann dacks iwwerfuerdert mat der Situatioun, well si net wësse wat kachen, an ob d'Kand och da nach genuch Vitaminnen an Närstoffer kritt, wa Fleesch a Fësch net méi consomméiert ginn.
"Problematesch fir vegetaresch ze iessen ass et eigentlech net, virausgesat et ass eng ausgeglachen an ofwiesslungsräich Ernärung. Mëllech- an Eeër-Produite sollen awer net feelen, a sougenannte Fleesch-Ersatz eegent sech net"
seet d'Dieteticienne Liz Mersch.Si ass Invitée beim Angie Maquil.