Bewosst Gesond
Vun A bis E, a vu gréng bis rout - 1/2
Eng gutt Orientéierung op den éischte Bléck.
"Bestëmmt hu Dir och schonn op Liewensmëttel-Verpakungen Buschtawen op faarwegem Hannergrond gesinn. Dëst ass de Logo vum Nutri-Score. E soll de Konsument op eng vereinfacht Aart an Weis iwwer Närstoffqualitéit vu verpaakte Liewensmëttel a Gedrénks informéieren.
Op där enger Säit gëtt dëst duerch eng Faarfskala duergestallt. Dës geet vun däischter gréng iwwer hellgréng, giel, orange bis zu rout, woubäi rout net gutt ass. An op där anerer Säit gëtt dat nach verdäitlecht duerch e Buschtaf, dee vun A bis E geet . Den A steet op däischter gréngem Hannergrond an den E op roudem.
Et geet also drëm ze erkennen, wéi eng Liewensmëttel ee méi dacks soll iessen (déi mam A oder B) a wéi eng manner, also déi mam orangen oder rouden Hannergrond.
De Score gëtt gerechent fir 100 g oder 100 ml vum jeeweilege Liewensmëttel. Fir de Score ze berechne gëtt Zesummesetzung vum jeeweilege Produkt gekuckt an do ginn esou wuel Närstoffer wéi och Inhaltsstoffer, déi se enthalen, mat agerechent.
Zu den positiv bewäerten Närstoffer ziele Ballaststoffer an Eewäiss, souwéi Inhaltsstoffer wéi Uebst, Geméis an Ueleg Friichten, déi dësen Produit enthält. Fir dës gëtt et negativ Punkten.
An op där anerer Säit kréien negativ bewäerte Kalorien, Zocker, Salz a gesiedegt Fett-Saieren positiv Punkten",
seet d'Claudine Mertens, Diététicienne spécialisée en diététique de la personne âgée. Si ass Invitée beim Angie Maquil fir iwwer d'Bedeitung vum Logo Nutri-Score ze schwätzen.