Bewosst Gesond
D'Ernärung bei Diabetes virun der Entdeckung vum Insulin
2021 sinn et 100 Joer, datt den Insulin entdeckt gouf.
Dës Entdeckung war e grousse Schrëtt an der Geschicht vun der Medezin an huet zanterhier villen Diabetiker op der Welt d'Liewe gerett. Et war deemools zwar scho bekannt, datt den Insulin eng Schlësselroll beim Diabetes géif spillen, awer et war bis zu deem Moment nach kenge Fuerscher gelongen den Hormon Insulin aus der Bauchspeicheldrüs ze isoléieren, wat zwee Kanadier du gelongen ass.
Fir déi Entdeckung kruten déi zwee Fuerscher Frederick Grant Banting a Charles Best den Nobelpräis fir hir Aarbecht.
Dozou d'Dieteticienne Sylvie Paquet, Chargée de direction vun der Maison du Diabète:
"Et muss ee wëssen, datt net si eleng a Richtung Bauchspeicheldrüs gefuerscht hunn, an datt ënner anerem och e Lëtzebuerger do eng wichteg Roll gespillt huet?
Dat war de Camille Reuter, deen huet schonn 1914 am Labo vu Roche an der Schwäiz e Produkt vun der Bauchspeicheldrüs op Kanéngercher getest an erausfonnt, datt dat en Afloss op de Bluttzocker hätt. Mee d'Firma huet net un e Produkt gegleeft, dat d'Leit sech e Liewe laang misste sprëtzen. Du koum och nach den Éischte Weltkrich, d'Recherchë goufen ni publizéiert, de Camille Reuter koum zeréck op Lëtzebuerg an esou war him e warscheinlech verdéngte Nobelpräis net gegonnt".
Virun der Entdeckung vum liewenswichtegen Hormon Insulin war Diabetes nach eng déidlech Krankheet a wéi déi deemools behandelt ass d'Theema beim Angie Maquil.