Dee fënnefte Studioalbum vun der Band ronderëm de Freddie Mercury aus dem Joer 1976 ass no engem Film vun de Marx Brothers benannt. Mat "Tie Your Mother Down" a "Somebody To Love" héiert een zwee weider Klassiker vum UK-Quartett, dat den Erfolleg vum Hit "Bohemian Rhapsody" confirméiert.
Presentéiert vum Fred Medernach.