Bewosst Gesond
Wat steet drop - Wat ass dran, wa mer vun Zocker schwätzen? - 1/2
Den Etiquetage, d'Informatioun, déi op der Verpackung steet, ass an Europa gesetzlech festgeluecht.
"Den Zocker nennt een och nach Saccharose oder Sucrose, an dat ass e sougenannten Zweefach-Zocker. Wéi d'Wuert et seet besteet deen aus zwou Zocker-Moleküllen, nämlech aus enger Moleküll Glucose an enger Moleküll Fruktos. De Glucose an de Fructose sinn dann och sougenannten Eefach-Zockeren. Da ginn et awer och nach méi laang Ketten, mat méi wéi zwou oder méi wéi zéng Zocker-Moleküllen. Déi gi Polysaccharidë genannt an dozou zielt z. B den Amidon, also Stäerkt. Dat ass eng laang Kette vu lauter Glukose-Moleküllen",
seet d'Dieteticienne Céline Genson, déi de Begrëff Zocker erkläert a wéi en op de Liewensmëttel gekennzeechent ass.
Eng Serie vum Angie Maquil