Bewosst Gesond
Eeër mat bronger oder wäisser Schuel: déi selwecht Zesummesetzung
Ouschtere steet virun der Dier, an dat ass och Zäit vu vill oder vill méi Eeër iessen. Wéi vill Eeër dierfen dat da sinn, ouni datt et fir de Kierper ze vill gëtt? D'Eeër hu jo de Ruff, datt se op der Säit solle gelooss gi wéinst der Gefor vun ze héijem Cholesterol. Wat ass drun un deenen Aussoen? D'Angie Maquil krut dës Äntwert vun der Dieteticienne Lis Muller:
"D'Eeër sinn an der Liewensmëttelpyramid an der Grupp vun den Liewensmëttel mat vill Eewäiss aklasséiert an zeechne sech duerch eng héich biologesch Wäertegkeet vun de Proteinne vum Ee aus. Dat heescht, eise Kierper kann Eewäiss bis zu 100 Prozent verwäerten an a kierpereegent Eewäiss ëmwandelen. Iwwregens gëtt den däitschen Numm vu Proteinnen-Eewàiss vun dohier ofgeleet. D'Ee ass also eng excellent a bëlleg Eewäiss-Quell.
Wa gesond Leit iwwer Ouschteren e puer Eeër méi iessen, ass dat net bedenklech".
E puer Iddie vun der Lis Muller fir Eeër ze verschaffen an der gesonder Kichen:
Spigelee mat Nuddelen, Eeërtriwwel op enger Schmier, Omlett mat Ham, gekachten Eeër mat Bechamelszooss, Bettseecheschzalot mat haartgekachten Eeër: alles traditionell Platen, déi zu eiser Kiche gehéieren a mat enger gudder Gestioun vu bäigesate Fetter och ganz héichwäerteg Platen, déi ausserdeem hëllefen, de Budget ze kontrolléieren.