Bewosst Gesond
Méi doheem - méi Snacking
D'Kanner stinn am Mëttelpunkt, well och op si lauere vill esou ongesond Iesspausen, déi grad elo am Homeschooling nach méi verféiere kënnen.
Snacking, kleng ongesonde Snacken an de Problem mat de Kalorien, sinn d'Theeme mat der Liz Mersch. D'Diététicienne spécialisée en diététique de l'enfant et de l'adolescent, ass Invitée beim Angie Maquil a seet:
"Et ass schonn eppes drun, wann een schonn souvill doheem ass, an et léiert ee vun doheem aus, dann ass de Risiko scho ganz grouss, datt een dem Snacking verfält. Dat heescht, wann een dann iergendwéi zwou Minutte Paus mécht, da geet ee sech alt nees eppes siche fir ze iessen. Bëssen onkontrolléiert, sief et aus Onloscht, sief et aus Langweil, voilà da geet een an de Schaf, an et hellt ee sech alt erëm eppes. Do steet effektiv fest, datt dat zu Gewiichtszounam ka féieren.
Also et ass dat dackst Iessen, et ass awer och dat éischter ongesond Saachen iessen, awer och dat onbewosst Iessen. Et ass bewisen, datt wann ee virum Ecran ësst, datt ee manner knat, a manner knae bedeit och, datt de Siedegungs-Effekt net esou bewosst kënnt".