Bewosst Gesond
Geméis bréngt net nëmme Faarf op den Teller
Besser réi oder gekacht?
Och wann ee gesäit, datt an den leschte Jore vill méi Geméis giess gëtt, ë. a. doduerch datt et méi Vegetarier a Veganer gëtt, ginn et awer nach vill Leit, déi manner Geméis wéi déi alldeeglech Recommandatiounen iessen.
Recommandéiert ginn dräi Portioune Geméis den Dag iwwer ze iessen. Eng Portioun sinn ongeféier 80 Gramm, réi oder gekacht.
Duerch den héije Waasserundeel huet d'Geméis net vill Kalorien, an der Moyenne ongeféier 35 kcal pro 100 Gramm. A Geméis huet am Géigesaz zum Uebst ganz wéineg Kuelenhydrater an eegent sech esou fir eist Gewiicht am Gläichgewiicht ze halen.
Och déi vill Ballaststoffer, déi d'Geméis huet, droen ënner anerem dozou bäi, datt een net esou schnell erëm hongreg gëtt an eng gutt Verdauung huet.
Geméis enthält nieft verschiddene Mineralstoffer natierlech och Vitaminne wéi z. B Vitaminn A, Vitaminn C, Vitaminn E, déi dann och nach d'Roll vun den Antioxidante spillen.
D'Geméis bréngt Faarf op den Teller an dës Faarf deit och op den Antioxidant hin, deen et enthält sou z. B. enthale Wuerzelen, Kürbis, Paprika vill Betacarotin, d'rout Rommelen, d' Auberginnen an den rouden Kabes Anthocyanes.
Esou d'Dieteticienne Claudine Mertens, d'Invitée beim Angie Maquil