Mat zwee Joer u Kannerlämung erkrankt, feelt de Steve Harley bis zu sengem 14. Liewensjoer ganzer véier Joer an der Schoul. Eng Zäit, an där hie sech an der Klinik ëmmer méi fir Musek interesséiert. 1972 grënnt hie seng Band Cockney Rebel. Och wann aner Museker zu der Band gehéieren ass et awer de Steve, deen de Kommando huet. Hie schafft a senger Karriär zesumme mat Leit wéi de Produzent Alan Parsons. Ee grousse Succès huet de Steve Harley 1986 kannt mam Lidd "The Phantom of the Opera" aus dem Musical mam selwechte Numm. Mat Cockney Rebel hat hien a senger Ufankszäit Hits wéi "Sebastian" oder "Make Me Smile (Come Up and See Me)".
arrow_back_ios
Dagdeeglech
70 Joer fir de Steve Harley
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.