Bewosst Gesond
Faaschten an Intervallfaaschten - 3/3
Faaschte bedeit wärend enger méi oder manner laanger Zäit näischt ze iessen. Fir datt ee sech dobäi awer gutt spiert, an et sech och positiv op eise Kierper auswierkt, soll een op e puer Saachen oppassen.
Déi wuel populäerste Faaschtemethod ass déi bekannte 16:8 Diät, mee och hei muss een op eng Rei Saachen oppassen.
Beim 16:8-Faaschten léisst een entweeder déi fréi oder déi spéit Moolzecht ewech, esou datt ee 16 Stonne laang näischt ësst.
Obwuel vill Leit et méi einfach fanne mueres näischt ze iessen, an hir Iess-Phas vun 12 bis 8 Auer owes anzeplangen, ass déi méi gesond Variant éischter no 17 Auer näischt méi ze iessen a géint 9 Auer dann eng villsäiteg Mueres-Moolzecht, mat Vollkarbrout, Eeër, frësche Kéis oder Jughurt, Müsli, frëscht Uebst asw ... zou sech ze huelen. De Stoffwiessel kënnt esou wärend der Nuecht an e kuerzt Faaschten, a well de Kierper net mat der Verdauung ze kämpfen huet, schléift een och besser.
Besonnesch fir Leit mat Diabetis ass et besser op d'Owes-Moolzecht ze verzichten. Studien hunn nämlech gewisen, datt Leit, déi mueres näischt iessen, méi en héije Risiko fir Iwwergewiicht an Typ2 Diabetis hunn, well si meeschtens iwwer den Dag an owes méi iessen, an domat de Bluttzocker iwwer d'Nuecht méi héich bleift.
Esou der Sylvie Paquet, Chargée de direction vun der Maison du Diabète, hir Rotschléi, fir datt Intervallfaaschten och gelénge kann. Eng Serie vum Angie Maquil