Bewosst Gesond
Faaschten an Intervallfaaschten - 2/3
Ob Faaschte gesond ass kann een net esou einfach mat Jo oder Nee beäntweren, sot déi lescht Woch d'Syvie Paquet, Chargée de direction vun der Maison du Diabète:
Dat, géif vu ville Saachen ofhänken a vun der Manéier, wéi ee faascht an och wat ee domat erreechen wëllt. Fir bei Iwwergewiicht ofzehuelen ass Faaschten z. B. net ubruecht. Och spillt engem säin allgemenge Gesondheetszoustand eng grouss Roll. Eeler Leit, Leit mat Bluttdrock, deen ze niddereg ass oder chronesche Krankheeten a Fraen, déi e Puppelchen erwaarden, solle mam Faaschte ganz virsiichteg sinn an dat op alle Fall mat hirem Dokter ofschwätzen.
Hei erkläert d'Sylvie Paquet eenzel Faaschtemethoden an déi gutt Preparatioun op esou en Ëmstellen, well egal wéi eng Faaschtekur een ustrieft, d'Preparatioun ass ganz wichteg:
Sougenannte Faaschtewoche brauchen eng gutt Virbereedung a Begleedung. Si si meeschtens mat Beweegung a Sport (Wanderen, Vëlo, Yoga...) verbonnen. Si gëllen als Auszäit fir Geescht a Kierper an erméiglechen oft en Neistart an eng méi gesond a stressfräi Liewensweis. Jee no Alter a Gesondheetszoustand, sollt ee virdru mat sengem Dokter Récksprooch huelen, ob dës Form vu Faaschten ubruecht ass.
Intervallfaaschten ass dogéint vill méi einfach duerchzeféieren, an et schéngt, wéi wann dës repetitiv kuerz Faaschteperioden eng änlech Wierkung op eise Kierper hunn, wéi Laangzäit-Faaschten.
Eng Serie vum Angie Maquil