Bewosst Gesond
Faaschten an Intervallfaaschten - 1/3
Faaschten ass absolut in, och wann sou et laang net nei ass. Et gi ganz vill Leit, déi maachen oder plange reegelméisseg Faaschte-Kuren a schwieren op déi gutt Wierkung vum näischt Iessen. Virun allem dat sougenannten Intervallfaaschten mam Bléck op d'Auer, z. B. 16:8, dat heescht 16 Stonnen faaschten, an aacht Stonnen dierf een iessen, ass eng Methode, déi immens populär ginn ass.
Intervall-Faaschten ass de neien Trend fir ofzehuelen, Faaschten gëllt awer och als Auszäit fir Kierper a Geescht .
Mee ass Faaschten da wierklech esou gesond, a wat bréngt et dem Kierper fir näischt oder an engem gewësse strenge Rhythmus ze iessen?
Gewosst ass, datt eise Kierper säi Stoffwiessel upasst, wann e näischt ze iesse kritt an eng Rei Mechanismen entwéckelt huet, fir sech géint Zäite vun Hongers-Nout ze schützen. An et sinn dës Mechanismen, déi sech dann och bei bewosstem Faaschte kënne positiv op eis Gesondheet auswierken.
Invitée beim Angie Maquil ass d'Dieteticienne Sylvie Paquet, Chargée de direction vun der Maison du Diabète.