De Marcos Valle koum 1943 zu Rio de Janeiro op d'Welt. An do ass Enn de 50er, ufanks de 60er Bossa Nova explodéiert. Déi vereinfacht Form vu Samba Musek, déi séier iwwer d'Grenze vum Land Welle geschloen huet. An där Traditioun huet dann och seng Karriär ugefaangen, mee vun 68 un huet hie sech vun dësem Trend e bëssen distanzéiert, huet ugefaange mat anere Genren ze experimentéieren. Säi raffinéierte brasilianesche Pop Héichpunkt koum ufanks 71 mat der Release vu "Garra". Eng Plack déi üppeg duercharrangéiert gouf, gefëllt mat sëllege sonnege Melodien an Texture déi vu baroque, iwwer Filmmusek a Soul bis hin zu Funk a psychedelesche Rock gedriwwe ginn. Den Jamie Reinert mat e puer Hannergrënn.
arrow_back_ios