No der Ofdankung vun hirer Schwëster gouf d'Charlotte vu Lëtzebuerg de 15. Januar 1919 Grande-Duchesse. Am Zweete Weltkrich huet si bis 1944 aus dem Londoner Exil reegelméisseg iwwer de Radio vun der BBC de Lëtzebuerger Mutt zougeschwat. Si sollt ë. a. doduerch zu engem Symbol fir d'Fräiheet an d'Onofhängegkeet vum Land ginn. Den 12. November 1964 verzicht si op den Troun zugonschte vun hirem Jong Jean. D'Grande-Duchesse Charlotte stierft den 9. Juli 1985 mat 89 Joer op Schlass Fëschbech.
arrow_back_ios