Gebuer gouf de Chris Baldo de 24. Juni 1943 als Christian Henri Baldauff. Mat 16 Joer hëlt hien zesumme mat engem Kolleeg ënner dem Numm The Youngsters eng éischt Single mat zwee Lidder op. Hien huet sech a senger Karriär mat Schlager a Chanson probéiert a spillt och mam Opkomme vum Twist bis 1965 a verschiddene Bands. Zesumme mat der Sophie Garel vertrëtt de Chris Baldo Lëtzebuerg 1968 zu London beim Grand Prix Eurovision de la Chanson, deem haitegen Eurovision Song Contest a bréngt et op eng eeleft Plaz.
arrow_back_ios