Bewosst Gesond
Net nëmme Waasser fir den Duuscht
4 min
800 bis 1.000 Milliliter Flëssegkeet pro Dag brauch e Kand. Drénken ass och an de kale Méint immens wichteg. Dofir ass et ëmsou méi wichteg, datt déi Erwuessen drop oppassen, datt d'Kanner genuch drénken. Wa Waasser langweileg gëtt, kann ee nohëllefen mat engem klenge Stéck Uebst dran oder heiansdo geet eng schéin eege Fläsch schonn duer fir d'Kanner ze motivéiere méi ze drénken oder e gudden Téi. Tabu si schwaarzen Téi a Kaffi a sougenannten Energie Drinks, Mëllech soll een och net als Gedrénks, mee als Moolzecht consideréieren. Invitée beim Angie Maquil ass d'Dieteticienne Liz Mersch.