Europa Aktuell
2021: Wéi soll d'EU op d'Corona-Pandemie äntwerten?
D'Europaparlament ass amgaang, den Handelsvertrag mat Groussbritannien ënner d'Lupp ze huelen. D'Analyse vun deem iwwer 1.000 Säite laangen Text wäert an den nächste Wochen ee groussen Deel vun der Zäit vun den Europadeputéierten anhuelen.
D'Joer 2021 wäert EU-politesch awer och weider vun der Corona-Pandemie bestëmmt ginn. Am Europaparlament gi grouss Hoffnungen an den EU-Antikrisefonds gesat, fir d'Suitte vun der Kris opzefänken.
D'Danièle Weber resuméiert d'Erwaardungen vun de Fraktiounscheffen am Parlament.