Bewosst Gesond
Nëss an alle Formen. Brainfood fir d'Gehier
Nëss, wat verstoppt sech ënner der haarder Schuel?
Studien no ginn nëmmen e puer Gramm Nëss pro Dag duer, fir de Risiko ze senke verschiddene Krankheeten ze kréie wéi z. B. Kriibs; Häerzkreeslaferkrankungen, Diabetis an neurodegenerativ Erkrankungen (z. B. Alzheimer).
Nëss kann ee réi oder verschafft iessen. Nëss si räich u Vitaminn E, Vitaminnen aus dem Grupp B, Magnesium, Ballaststoffer an Eewäiss. Am beschten ësst ee se frësch mat der Haut, well dora verstoppe sech och nach Antioxydantien, déi Zelle virum Al gi schützen.
Awer och ënner der Form vun Nëssueleg bréngt een dem Kierper déi ongesiedegt Fettsaieren, respektiv Vitaminnen. Duerch hiren extra Geschmaach bréngen Nëss e spezielle Goût an d'Iessen, an et brauch een doduerch manner ze wierzen, respektiv manner ze salzen. Am beschten ass et den Nëssueleg kal ze benotzen z. B. an Zaloten oder awer um Schluss vun enger waarmer Preparatioun derbäi maachen z. B. an enger Kürbiszopp.
Firwat Nëss trotz hirem héije Gehalt u Fett an Energie gesond sinn, a firwat se Brainfood genannt ginn, doriwwer informéiert d'Dieticienne Claudine Mertens.