D'Edith Piaf gehéiert zu de ganz grousse franséische Sängerinnen. Wie kennt net Lidder wéi "Non, je ne regrette rien", "La vie en rose" oder och nach "Milord". Gebuer gouf si als Edith Giovanna Gassion de 19. Dezember 1915 zu Paräis, verstuerwen ass si den 10. Oktober 1963 an der Géigend vu Grasse op der Côte d'Azur, begruewen zu Paräis um Kierfecht Père Lachaise.
arrow_back_ios