Dagdeeglech
Virun 29 Joer: Geisel Terry Anderson kënnt am Libanon fräi
Den Amerikaner Terry Anderson wäert sech fir ëmmer un de 4. Dezember 1991 erënneren. Dat war deen Dag, op deem de Journalist no méi wéi sechs Joer an den Hänn vun islamistesche Kidnapper am Libanon endlech nees fräikoum. De Journalist war am Mäerz 1985 an der libanesescher Haaptstad Beirut op oppener Strooss gekidnappt ginn. Déi nächst sechs Joer an néng Méint gouf hien als Prisonéier an engem ënnerierdesche Bunker festgehalen, méi laang wéi all aner amerikanesch Geisel deemools. Un eng Rettungsaktioun duerch US-Spezialunitéite war net ze denken, dofir gouf hien ze streng an ze geheim iwwerwaacht.
Responsabel fir seng Entféierung ware schiitesch Islamisten, déi der Terrororganisatioun Hezbollah nostoungen. De Journalist, deen zu deem Moment als Korrespondent fir d'Agence Associated Press am Mëttleren Oste war, gouf entféiert als Revanche fir déi amerikanesch Ënnerstëtzung vun israelesche Bombardementer am Libanon.
Et war eng frustrant Zäit well den Amerikaner matkrut, datt am Laf vun de Joren ëmmer méi westlech Geisele fräigelooss goufen, hien awer net. Vun Terry Anderson krut d'Welt wärend de bal siwe Joer Gefaangenschaft heiansdo Fotoe gewisen, als Beweis, datt hien nach um Liewe wier. Senge Kidnapper huet hie séier verzien, net awer dem Iran, deen deemools an och haut nach d'Hezbollah-Militanten am Libanon finanziell a logistesch ënnerstëtzt.