arrow_back_ios
Kultur
Fir de Paul Kirps ass et "Time 0"
"Time 0"... esou ass dem Paul Kirps seng Expo am Kräizgank vum Neimënster iwwerschriwwen. Den ausgebilte Grafiker a Mediekënschtler ass fir seng éischter grafesch bis abstrakt Molereien a Printe bekannt, bei deenen hie Symboler oder Gebrauchsgéigestänn aus dem Alldag op eng perséinlech Manéier reinterpretéiert. Bei "Time 0" handelt et sech awer ëm eng reng Polaroid-Fotoen-Ausstellung. D'Kerstin Thalau wollt vum Paul Kirps wëssen, ob hien als Kënschtler nees bei Null, also nei, ufänkt.