Den Tour de France 1958 gewonnen, an zweemol den Giro d'Italia an de Joren 1956 an 1959 ... a vun der Lëtzebuerger Sportpress zum Sportler vum 20. Joerhonnert gewielt. Den "Ange de la montagne" Charly Gaul war ee vun de ganz groussen Cyclisten, déi Lëtzebuerg kannt huet. Hie stierft de 6. Dezember 2005 an der Zitha-Klinik un enger Longenembolie.
arrow_back_ios