Den 30. November 1982, also haut virun 38 Joer, koum dem Michael Jackson säin Album "Thriller" eraus. Fir d'Produktioun vu sengem sechste Solo-Album huet den Jackson op en Neits op de geniale Quincy Jones zeréckgegraff, dee scho fir säi viregten Album "Off The Wall" aus dem Joer 1979 responsabel war.
Deen Album hat jo gréisstendeels en Disco-Sound. Mee dräi Joer méi spéit, 1982, waren d'USA en anert Land, déi meeschte Leit hate mam Disco-Sound ofgeschloss a wollten elo eppes aneschtes, an dat mierkt een och um Michael Jackson sengem "Thriller". De spéidere King of Pop huet hei och Rock-Kläng integréiert, virop natierlech bei "Beat It", bei deem d'Gitarrslegend Van Halen en deftege Solo zum Beschte gëtt.
De Michael Jackson wollt mat "Thriller" en Album erausbréngen, op deem all eenzegt Lidd e "Killer" géif ginn, en Hit also. An dat ass him ouni Zweiwel gelongen. "Beat It", "Pretty Young Thing", "Wanna Be Startin Somethin", "Thriller" an natierlech "Billie Jean".
Den Album ass ageschloe wéi eng Bomm. "Thriller" gouf deen éischten Album, deen an den USA fir zwee Joer hannereneen am meeschte verkaf gouf. Bis haut gouf den Album anscheinend 66 Millioune Mol verkaf. An dee Risen-Succès huet de Michael Jackson och perséinlech an eng aner Liga propulséiert. Och wäiss Leit wollten deen Album vum Afroamerikaner Michael Jackson erop- an eroflauschteren.