De 26. November 1977, also haut viru genee 43 Joer, hu verschidde Leit an England gemengt, e Beweis fir ausserierdescht Liewe kritt ze hunn. Wien dee Samschdeg Mëtteg am Südoste vun England déi lokal Tëleeschaîne Southern TV gekuckt huet, huet nämlech gesi wéi d'Emissioun, déi amgaang war, vun engem onheemleche Message ënnerbrach gouf.
Sechs Minutte laang huet sech e Liewewiesen, dat behaapt huet vun engem anere Planéit ze sinn, un d'Tëleespectateure geriicht an hinnen erkläert, datt déi ganz Mënschheet der Gewalt misst ofschwiere fir déi nächst Etapp vun der Erliichterung ze erreechen. D'Wiesen huet sech "Vrillon" genannt, mee d'Tounqualitéit war esou schlecht, datt een den Numm emol net richteg matkritt huet.
Verschidde Leit mengen, d'Stëmm hätt net "Vrillon" gesot, mee "Gillon" oder "Asteron". Et sief. Honnerte vu Leit hunn der Tëleeschaîne ugeruff a besuergt wéinst där mysteriéiser Stëmm nogefrot. Mee "Southern TV" konnt d'Leit séier berouegen: dat Ganzt wier einfach e gelongenen Akt vun audiovisueller Sabotage. Iergendeen, deen der Chaîne no e gréisseren technesche Knowhow How hätt, hätt et fäerdegbruecht d'Funk-Welle vun der Chaîne ze accaparéieren.