Den 29. November 2001 stierft am kalifornesche Beverly Hills deen englesche Museker, Lidderschreiwer a Filmrealisateur George Harrison. Weltbekannt gouf de Liverpooler als Member vun de legendäre Beatles. No der Trennung vun de Fab Four am Abrëll 1970 war hie kuerz drop deen éischte vun de véier Beatles, deen als Solist ee grousse Succès lande konnt mat "My Sweet Lord".
arrow_back_ios