Bewosst Gesond
Potassium, e liewenswichtege Mineralstoff fir de Mënsch
4 min
De Potassium, oder de Kalium, ass fir de Mënsch e ganz wichtege Mineralstoff.
Zu der Grupp vum Potassium gehéieren och de Calcium, de Phosphor, de Magnesium, den Natrium, de Chlorid an de Schwiefel.
De Potassium zielt wei och z.B. den Natrium an de Chlorid zu den Elektrolyten. D'Elektolyten befannen sech an der Flëssegkeet bannen an den Zellen oder ausserhalb vun den Zellen an eisem Kierper
De Potassium ass zu 98 Prozent bannen an der Flëssegkeet vun den Zellen ze fannen an haaptsächlech, also zu 60 Prozentt an de Muskelzellen. Et besteet e Gläichgewiicht tëschent den Electolyten bannen a baussent den Zellen, an de Kierper reagéiert schonn op déi klengst Schwankunge vun deem Gläichgewicht.
De Potassium, zesummen mat aneren Elektrolyten, suergt fir d'Erhaale vun dësem liewenswichtege Gläichgewicht an hëlleft och d'Saieren an d'Basen am Equiliber ze halen.
Da regléiert dëse Mineralstoff och d'Weiderleedung vun den Nerven-Impulser an d'Kontroll vun der Muskelkontraktioun. Genuch Potassium brauche mer och fir de Risiko vu Blutthéichdrock erofzesetzen. En erfëllt eng Schutzfunktioun an eisen Oderen, aktivéiert Enzymen an ass um Zellwuesstem bedeelegt an um Stoffwiessel vun all Kierperzell.
Potassium fënnt een haaptsächlech a planzleche Liewensmëttel wéi z. B. am Sojagedrénks, frëschem Fenschel, Avocado, Lënsen, Banannen, Spinat, Gromperen, Champignonen, Weess a Vollkar awer och an aneren Zorte Geméis an am Fësch a Fleesch. Awer beim Kachen geet bis zu 50 Prozent vum waasserléisleche Potassium an d'Kachwaasser, dofir sinn am Waasserdamp gekachte Geméis a Grompern déi besser Optioun.
Invité beim Angie Maquil ass Dieteticienne a Mindful Eating Trainerin Céline Genson
Bibliographie: (Tip Céline Genson)
Burgerstein. Handbuch Nährstoffe. Trias Verlag. 2018.
Fachgesellschaft für Ernährungstherapie und Prävention. Https://fet-ev.eu/kalium
https://www.mindful-eating.lu/fr-FR