Am Joer 1492 huet de Cristopher Columbus d'Insel Hispaniola entdeckt, déi haut Haiti an déi Dominikanesch Republik sinn. Den 28. Oktober 1538, wéi scho laang déi éischt spuenesch Stied op Hispaniola gebaut waren, gouf do déi éischt Universitéit vun där sougenannter Neier Welt gegrënnt: d'Santo Tomas de Aquino-Universitéit zu Santo Domingo an der haiteger Dominikanescher Republik.
Mee d'Universitéit sollt vill méi spéit turbulent Zäite matmaachen, wéi Deeler vun der Insel Hispaniola ënner franséisch Herrschaft gefall sinn. D'Fransousen, déi zum deem Zäitpunkt schonn net méi esouvill Wäert op d'Relioun geluecht hu wéi d'Spuenier, hunn d'Uni, déi an hirem Territoire louch, zougemaach. Och Joerhonnerte méi spéit gouf se vun den amerikanesche Besatzer an duerno nach eng Kéier vum dominikaneschen Diktator Trujillo zougemaach. Mee et gëtt se nach ëmmer, all déi Joren duerno. Haut heescht se Universidad Autonoma de Santo Domingo.