Bewosst Gesond
Vun S op XXL um Teller
Méi Grouss méi bëlleg. D'Leit gi verleet grouss Päck, grouss Quantitéiten ze kafen an ze consomméieren.
Mir verännere mat der Offer vu méi grousse Quantitéiten och d'Iessgewunnechten, seet d'Dieteticienne Liz Mersch, a mir gesi grouss Portiounen ëmmer méi als normal. Besonnesch d'Kanner, déi am XXL-Format opwuessen, kréie Schwieregkeete fir de Konsum vu Liewensmëttel ze änneren oder d'Gewunnecht iwwerhaapt net esou vill ze iessen, gëtt doduerch ëmmer méi komplizéiert. Och sougenannte Light-Produite sollen net vermëttelen, wat méi liicht, wat ee méi iesse kann. Hei sinn d'Eltere gefuerdert fir mam gudde Beispill virzegoen.
Eng Serie vum Angie Maquil zesumme mat der Association nationale des diététiciens du Luxembourg
http://www.andl.lu