Ganzer dräi Albume sollt den englesche Songwriter Nick Drake a senger kuerzer Karriär produzéieren - hie stierft am November 1974 un enger Iwwerdosis Antidepressiva, dat am Alter vu 26 Joer.
Wat mécht de Charme aus vum Nick Drake senger Musek ... de feine Songwriting, dem Museker seng filigran Gittarentechnik, seng waarm Stëmm, dat onerwaart sech-Begéinen vu Sträicherarrangementer mat Säitepicking an Jazzelementer, de Match tëschent Liewensfreed an ëmmer méi Depressiounen, eng Zort morbid-romantesch Faszinatioun, déi vun him ausgeet ...
Presentéiert vum Fred Medernach