De Sherlock Holmes ass e literareschen Detektiv, deen de britteschen Auteur Arthur Conan Doyle um Enn vum 19. Joerhonnert erfonnt huet. De 14. Oktober 1892, also haut viru genee 128 Joer, huet d'Weltberüümtheet vum Sherlock Holmes ugefaangen. Deen Dag koum nämlech d'Buch "The Adventures of Sherlock Holmes" eraus, mat 12 Kuerzgeschichten, déi dat Joer virdru schonn noeneen an der literarescher Zäitschrëft The Strand dra waren, ee pro Mount.
An wéi ëmmer - dat ass eng Charakteristik vun den Sherlock Holmes Aventuren - gëtt d'Handlung aus der Siicht vum bekannten Detektiv sengem geneesou bekannten Assistent Watson erzielt. Och wa véier Joer éischter schonn en éischt Sherlock Holmes-Buch erauskomm war, war et dës Kollektioun vu Kuerzgeschichten, déi den Detektiv weltbekannt gemaach hunn. Nieft dem Arthur Conan Doyle huet och de Magasinn The Strand dovu profitéiert, well op eemol méi Leit sech abonéiert hunn. Wéi e puer Joer drop d'Sherlock Holmes-Aventure "The Hound of Baskervilles", allkéiers an Deeler, am selwechte Magasinn erauskoum, stoungen d'Leit virun der Dier vum Magasinn Schlaang, fir als éischt en Exemplaire ze kréien.