Virun 10 Joer huet e Biergbau-Accident a Chile d'Welt an Otem gehale. 33 Biergaarbechter souzen 69 Deeg 700 Meeter ënnert dem Buedem fest nodeems d'San José Gold- a Kofferminne an der Atacama-Wüüst deelweis zesummegebrach war. Mee haut viru genau 10 Joer goung dësen Accident glécklech op en Enn. Den 13. Oktober 2010 ass nämlech dee leschte vun den 33 Aarbechter eropgezu ginn. Matt enger spezieller Kapsel goufen "Los 33" een nom aneren eropbruecht, wärend ronn eng Milliard Mënschen d'Rettungsaktioun via en Internet-Stream matsuivéiert hunn...an dat allerbescht: Keen vun hinnen huet eescht gesondheetlech Schied mat dovu gedroe.
arrow_back_ios