arrow_back_ios

Dagdeeglech

100komma7.lu / Dagdeeglech

/ Virun 21 Joer: Weltpopulatioun erreecht 6 Milliarden

Virun 21 Joer: Weltpopulatioun erreecht 6 Milliarden

Am Moment liewen ongeféier 7.800.000.000 Mënschen op eisem Planéit. Dat huet de "United Nations Population Fund", eng Agence vun der UNO, déi esou Statistiken zesummendréit, am Mäerz 2020 matgedeelt. Mee haut virun genau 21 Joer haten mer schonn de Meilestee vu 6 Milliarde Mënschen op eisem Planéit erreecht. Natierlech ginn et ëmmer Demografen dobaussen, déi net mat engem bestëmmte Moment averstane sinn, an et muss ee soen, mat all de Gebuerten, déi zu zur nämlechter Zäit op der Äerd passéieren, ass dat och tatsächlech net einfach, mais d'UNO huet eben eng Gebuert ausgesicht, déi déi 6 Milliardste Mënschen op d'Äerd bruecht huet an dat war dee kléngen Adnan vu Sarajewo. Den deemolege Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen, de Kofi Annan himself, huet sech bis an déi bosnesch Haaptstad deplacéiert fir dem klénge Puppelchen an sengen Elteren ze gratuléieren. Iwwregens haten d'Leit virun 21 Joer och direkt weider-geroden, wéini dann déi de Meilestee vun 7 Milliarde Mënschen op der Welt géif erreecht ginn, an do sinn sech eng ganz Rei Demografen iwwert den 29ten November 2012 eens ginn...um Enn ass dee Meilestee schonn e gutt Joer méi fréi erreecht ginn, nämlech den 31 Oktober 2011...

Episoden

Viru 96 Joer koum den Nicolas Estgen op d'Welt

Lëtzebuerger Enseignant a Politiker
headphones

2 min

play_arrow

D'Occupatioun vu Wounded Knee

1973 hu Membere vum amerikanesch indigeene Stamm vun den Oglala d'Duerf Wounded Knee besat, fir esou géint hiren eegene Stammeschef an d'US-Regierung ze protestéieren.
headphones

9 min

play_arrow

Viru 7 Joer stierft de Benny Berg

Lëtzebuerger LSAP-Politiker
headphones

2 min

play_arrow

Rätoromanesch gëtt Landessprooch an der Schwäiz

Den 20. Februar 1938 gouf an der Schwäiz per Referendum entscheet, datt d'Rätoromanesch soll Landessprooch ginn.
headphones

4 min

play_arrow

Virun 83 Joer koum de Lucien Thiel op d'Welt

Lëtzebuerger Journalist a Politiker
headphones

2 min

play_arrow

Éischten Atomtest vu Frankräich

Den 13. Februar 1960 huet Frankräich an der Sahara hir éischt Atombomm getest, 50 Kilometer vun der nächster Stad ewech. Richteg informéiert waren d'Bewunner:innen awer net.
headphones

5 min

play_arrow

Virun 108 Joer ass de Pierre Brasseur gestuerwen

Industriellen a Notär
headphones

2 min

play_arrow

D'Queen Elisabeth II. iwwerhëlt den Troun

De 6. Februar 1952 klëmmt d'Queen Elisbath II. op de britteschen Troun, nom Doud vun hirem Papp, dem Kinnek George VI.. Dee Moment ass si nëmme 25 Joer al.
headphones

5 min

play_arrow

Viru 87 Joer koum d'Lydie Schmit op d'Welt

headphones

2 min

play_arrow

San Francisco kritt säin Numm

Den Numm San Francisco kennt jiddereen, mee laang huet déi Stad awer nach anescht geheescht, an zwar Yerba Buena. Réischt 1847 ass de Numm geännert ginn.
headphones

4 min

play_arrow

Virun 31 Joer stierft de Chris Baldo

headphones

2 min

play_arrow

De Poopst Eugène gëtt suspendéiert

Vun 1431 bis 1447 war hien un der Spëtzt vun der kathoulescher Kierch. Hien huet sech awer mat aflossräiche Bëscheef ugeluecht.
headphones

4 min

play_arrow

Viru 96 Joer koum de Pol Steffen op d'Welt

Zu Esch war an ass hie Kult: Hie war Golkipper bei der Escher Jeunesse, huet 1959 am Europa-Cup géint Real Madrid gespillt oder mat de Roude Léiwen 1961 Portugal mat 4:2 geklappt.
headphones

2 min

play_arrow

Eng Dot géint d'Lethargie

De 16. Januar 1969 huet sech den Tschechesche Student Jan Palach selwer a Brand gestach an ass dono u senge Blessure gestuerwen.
headphones

4 min

play_arrow

Virun 21 Joer ass d'Joséphine-Charlotte gestuerwen

Gebuer den 11. Oktober 1927 zu Bréissel als Prinzessin vun der Belsch, huet sech d‘Joséphine-Charlotte de 9. Abrëll 1953 mam Prënz Jean vu Lëtzebuerg bestuet.
headphones

2 min

play_arrow

Apple stellt deen éischten iPhone vir

Virun 19 Joer huet de Steve Jobs deen éischten iPhone virgestallt, deemools e revolutionären Handy.
headphones

4 min

play_arrow

Virun 199 Joer koum de Michel Rodange op d'Welt

Dem Lëtzebuerger ass den Auteur bekannt mat sengem Haaptwierk dem “Reenert oder de Fuuss am Frack an a Mannsgréisst", eng Adaptatioun vum Goethe sengem “Reineke Fuchs”.
headphones

2 min

play_arrow

De Yorkshire Ripper

Den 2. Januar 1981 gouf de Seeriemäerder "Yorkshire Ripper" festgeholl.
headphones

5 min

play_arrow

Viru 4 Joer ass de Jochen Herling gestuerwen

Lëtzebuerger Beruffsfotograf
headphones

2 min

play_arrow

Virun 148 Joer koum de Jean-Pierre Michels op d'Welt

Escher Geschäftsmann a Politiker
headphones

2 min

play_arrow