Zënter 14 Joer weess d'Welt, dass Nordkorea nuklear Waffen huet. De 9. Oktober 2006 huet dat asiatescht Land nämlech seng éischt Atombomm mat Succès getest, an dat op Uerder deemools vum Kim Jong-Il, dem Papp vum haitege Leader Kim Jong-Un...Zanter Ugangs den 80er Joren hate Geheimdéngschter weltwäit behaapt Nordkorea wier am Geheimen am Gaang eng Atombomm z'entwéckelen...déi international Communautéit huet alles ënnerholl fir deen nordkoreaneschen Atomprogramm esou kléng ze hale wéi méiglech an 'en op friddlech a wëssenschaftlech Zwecker ze limitéieren...1994 huet Pyongyang mat Washington esouguer en Accord ënnerschriwwen, ënnert deem dat asiatescht Land versprach huet säin Atomprogramm erofzefueren, als Konterpartie fir Pëtrolsproduit'en, verbessert politesch an ekonomesch Relatiounen an awer och zwee Atomkraaftwierker fir zivil Energie-Zwecker...mee allze laang huet deen Accord net gehal
arrow_back_ios