Wärend d'Sortie vum neie James Bond-Film ëmmer nees no hanne verréckelt gëtt, erënnere mer eis haut un den alleréischte Film ronderëm dee bekannte britesche Geheimagent 007. De 5. Oktober 1962, also haut viru 58 Joer, war zu London d'Avant-Première vun "Dr.No". Et war deen éischte Film, deen op d'Bicher vum Ian Fleming baséiert war an et war och deen éischte James Bond-Film mam Sean Connery an der Roll vum charismatesche Geheimagent. D'Handlung kuerz erkläert: Den Agent 007 gëtt vu senge Virgesaten op Jamaika geschéckt fir no engem anere brittesche Geheimagent ze sichen, deen do verschwonnen ass...an op där Missioun stéisst hien dann op eng ënnerierdesch Base vum béisen Dr.No, dee mat engem risege Funk-Stral en amerikanescht Weltraumschëff wëll zerstéieren. An d'Welt krut och am "Dr.No" déi éischte Bond-Girl ze gesinn. Dat war d'Schwäizerin Ursula Andress, onvergiess an hirem wäisse Bikini.
arrow_back_ios