Den 2. Oktober 1925, also viru genau 95 Joer, war dem Joséphine Baker hiren artisteschen Duerchbroch. Et war nämlech déi éischte Kéier, dass d'Afro-Amerikanerin, dat zu St.Louis opgewuess war, op enger Bün zu Paräis opgetrueden ass. Dat war am Kader vun enger neier Show, der "Revue Nègre" am "Théatre des Champs Elysées" , an där, wéi de Numm et seet, quasi exklusiv Leit vu schwaarzer Hautfaarf ze gesi waren. D'Joséphine Baker huet vun der deemoleger Faszinatioun an Europa fir déi nei Jazz-Musek profitéiert, déi amerikanesch Zaldoten wärend dem Éischte Weltkrich iwwert den Atlantik bruecht haten. Et war och d'Zäit vum Ragtime an dem Charleston-Danz. Eréischt ee Joer drop, wéi d'Joséphine Baker schonn e Megastar war, ass si an de "Folies Bergères" mat hirer berüümtener Banannen-Jupe opgetrueden.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Eischten Opptrëtt zu Paräis vum Joséphine Baker
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.