15 Joer sinn et op den Dag vun haut hier, dass déi dänesch Dageszeitung "Yllands Posten" 12 kontrovers Mohammed-Karikature publizéiert huet. Bis haut besteet de Chefredakter vun der Zeitung drop, dass dat Ganzt just en Test war, fir ze kucken op Cartoon-Zeechner sech aus Angscht viru reliéise Fundamentaliste selwer géifen zenséieren. Méi spéit, wéi weltwäit scho gewalttäteg Protester am Gaang waren, huet d'Zeitung sech justifizéiert: Et hätt een de Mosleme just weise wëllen, dass hier Relioun elo d'selwescht wéi all aner Relioun an Dänemark behandelt gëtt, dat heescht och mat Satir an Ironie. Mais dat Argument ass net ukomm. An d'Roserei ass lues a lues geklommen. Och déi franséisch satiresch Zeitung Charlie Hebdo huet se e puer Joren drop aus Solidaritéit geprint...a wat fir eng Konsequenzen dat hat, wësse mer jo och.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 15 Joer goufen Mohamed-Karikaturen an Dänemark püblizéiert
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.