Dem Tim Hardin seng Musek gehéiert zu där Zort déi engem an de fréie Stonne vum Moien Geselleschaft leescht. En hat eng réi an dach duuss Stëmm, mat där hien Einsamkeet a Péng mat enger onheemlecher Sensibilitéit verschaffe konnt.
De gudde Mann hat och eng zerrasse Séil. Huet mat enger Heroin-Ofhängegkeet misse kämpfen, an hat eng extrem Angscht op enger Bün mussen ze stoen. Facteuren déi säi professionnelle musikalesche Parcours ëmmer nees gehënnert hunn. Säi perséinleche Misär huet zu éierlechen an einfache Lidder gefouert, déi direkt an universell Wouerrechten enthalen. Den Jamie Reinert bléckt op säin Debut "Tim Hardin 1" vu 66 zeréck.