De 25. September 1513 entdeckt de spuenesche Conquistador Vasco Nunez de Balboa als éischt westlech Persoun de Pazifik. Lokal Indio-Vëlker haten dem Nunez de Balboa vun enger anerer Küst geschwat, déi guer net esouwäit ewech wier ...do kéint säin Honger no Gold gesiedegt ginn. Renforte fir déi Missioun krut de Nunez de Balboa awer vum spueneschen Haff refuséiert, sou datt hie sech schlussendlech mat nëmmen 190 Zaldoten, e puer lokale Guiden an Hënn op d'Sich no deem anere Mier gemaach huet. An et war also haut viru genee 507 Joer, wéi dee ganze Cortège, no villen Enttäuschungen ënnerwee, vun engem Bierg aus an der Distanz de Pazifik gesinn huet.
arrow_back_ios