Bewosst Gesond
D 'Funktioune vun der Vitaminn C an eisem Kierper
Eng regelméisseg Opnam vu genuch Vitaminn C wierkt sech positiv aus op eis Gesondheet aus, wann dës Vitaminn an der Ernärung feelt kann et zu gesondheetleche Problemer féieren.
De mënschleche Kierper kann net selwer Vitaminn C produzéiere.
Mir hunn also en ugebuerene Vitaminn C Mangel den zu enger Krankheet mam Numm Skorbut féiert, wa mir net regelméisseg Vitamin C duerch eist Iessen zou eis huelen.
E gudde Grond fir e puer vun de Funktioune vun dëser Vitaminn méi genee ze analyséieren mat der Dieteticienne a Mindful Eating Trainerin Céline Genson.
E gesonden Erwuessene Mënsch soll all Dag ëm 100 Milligramm Vitamin C zou sech huelen. Bedéngt duerch verschidden Krankheeten an a verschiddene Liewensphasen brauch de Kierper awer och mol méi Vitamin C, genee wéi beim regelméissegen Anhuelen vu bestëmmte Medikamenter oder wann ee fëmmt.
Awer et däerf een net vergiessen, datt Vitamin C eleng net duer geet fir gesond ze bleiwen: E gesonde Liewensstil mat regelméisseger Beweegung an enger équilibréierter an ofwiesslungsräicher Ernärung hëlleft fir och nach bis an den héijen Alter gesond ze bleiwen. Eng Serie vum Angie Maquil
Bibliographie: Burgerstein. Handbuch Nährstoffe. Trias Verlag. 2018