Voix d'auteurs
Alexandre Postel
De Jean Portante ëmfänkt de jonke franséische Schrëftsteller Alexandre Postel, dee bei Gallimard de Roman "Un automne de Flaubert" erausginn huet. Hie rekonstituéiert an dësem Roman e laange Mount, am Hierscht vum Joer 1875, wou den Auteur vu "Madame Bovary" sech an der Bretagne zeréckgezunn huet, zu Concarneau, a do alles mécht, ausser schreiwen. De Flaubert ass an enger déiwer Kris a brauch Distanz fir sech erëmzefannen. Seng Fieder ass dréchen, mee et spiert een no a no, datt no senge Meeschterwierker nach esou munches méiglech ass. Doduerch gëtt dëse Roman och eng Rees an d'Häerz vun der Fabrick vum literaresche Schafen.