Aktuelles
Staark duerch Krisen (1/3)
Wann d'Liewen engem fir seng Pläng an Iddien e Stréch duerch d'Rechnung mécht an op eemol näischt méi ass, wéi et war. Wéi geet ee mat esou neien, ongewinnte Situatiounen ëm? Wéi kann ee staark duerch Krise ginn? Wou lauere Geforen? Wou muss een oppassen, fir net an e Lach ze falen, datt Angscht a Panik net iwwerhand kritt?
Froen, déi d'Angie Maquil dem gebiertegen Däitsche Marc Wallert gestalt huet, dee virun 20 Joer, zesumme mat engem Grupp vun Touristen an der Vakanz, dorënner och seng Elteren, vun der islamistescher Terrororganisatioun Abu Sayaf op eng philippinnesch Insel entféiert gouf. Haut schafft de 46 Joer ale Marc Wallert als Resilienz-Trainer.
E Gespréich an dräi Deeler: de 24., 25. a 26. Juni, allkéiers um 12:15 Auer
Stark durch Krisen: Von der Kunst, nicht den Kopf zu verlieren | Wallert, Marc | ISBN: 9783430210294
https://marcwallert.com
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)