Voix d'auteurs
Hubert Haddad
56 min
Am August koum dem Haddad säin neie Roman "Un monstre et un chaos" eraus. D'Buch war direkt op der éischter Lëscht vun der Selektioun vum Prix Renaudot. Et beschreift d'Liewen am Ghetto vun Lodz a Polen, deen d'Nazien an e risegen Industriezentrum verwandelt hunn, wou Zéngdausende vu Judden als Sklave fir d'Drëtt Räich hu misse schaffen, andeems si hiert Iwwerliewe géint Aarbecht ausgetosch hunn. Zur gläicher Zäit awer organiséiert sech am Lager eng kulturell Zeen an esouguer eng Resistenz, mee dem Hitler seng Endléisung hänkt déi ganzen Zäit wéi en Damoklesschwäert iwwer de Käpp.
Dem Hubert Haddad ass et gelongen, d'Brutalitéit vum Alldag duerch eng zäertlech Approche vu senger Schrëft erëmzeginn, andeems hien als Haaptpersonnagen zwee Kanner, zwee Zwillingsbridder beschreift, déi dës Barbarei duerch d'Lupp vun hirem onschëllege Bléck erliewen.
Episoden
D’Lydie Salvayre
Zu Gaascht mat engem Buch, an deem Recht op d'Faulenze gefuerdert gëtt. “Depuis toujours nous aimons les dimanches” ass den Titel.
Jack Kerouac
“Sur le chemin” huet de Kerouac op Franséisch geschriwwen, an zwar no “On the Road”. Just, datt keen dat wousst. Bis et, viru Kuerzem, entdeckt gouf. An Enn 2023 bei Gallimard erauskoum.
![Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore](/legacy/images/147524/image-thumb__147524__base_thumbnail/buch.5e97cf5e.jpg)
Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore
Eng spannend Rees duerch den Universum vun der Metapher, déi an de Grotte vun den éischte Mënschen ufänkt a vun der Poesie bis bei eis bruecht gouf.
Max de Paz - La manche
Dem jonke Schrëftsteller säin éischte Roman handelt vun de Liewensconditioune vu Mënschen ouni Doheem zu Paräis.
![Léa Veinstein](/1_Foto/100komma7.lu/136509/image-thumb__136509__base_thumbnail/Bicher.d1b0970e.jpg)
Léa Veinstein
D’Léa Veinstein erzielt an hirem spannende Buch “J’irai chercher Kafka”, iwwer dat onwarscheinlecht Abenteuer vum Kafka senge Manuskripter,.
![Jack Kerouac](/1_Foto/100komma7.lu/129031/image-thumb__129031__base_thumbnail/Jack%20Kerouac.b7af8207.jpg)